Geschicht
Produiten
Salon de Thé
Terrass
Kontakt
Links
 
Säit 1928 besteet d'Bäckerei a Patisserie
Claue FELTZ zu Remich.
 
Zurzäit ass dëse Familljebetrib an der Hand vun der drëtter Generatioun.
  
Am Ufank waren d'Geschäft an d'Baackstuff an der Maachergaass (Foto lénks).
 
A gudde wéi a schlechten Zäiten war d'Bäckerei Feltz ëmmer beméit, hier Clienten ze bedéngen.
 
Souguer d'Héichwaasser konnt den Äifer vum Baacken net bremsen. Wéi um Bild riets schéin ze gesinn ass, gouf d'Wuer mam Naachen transportéiert.
 
Haut ass de Betrib op deeër anerer Säit vum Häiserblock zur Muselsäit, op 46 Quai de la Moselle, an engem méi neien a moderne Gebei.
 
 
En neie "Salon de Thé" an eng Summer-Terrass sinn och nach derbäi komme.
 
Och wann d'Zäiten änneren,
verschidden al Problemer bleiwe
leider onléisbar.
 
 
 
Traditionell gëtt trotzdem
weider gebaack an och
per Naache beliwwert.
 
 
 
Bratzelsonndeg op der Musel mam Claude FELTZ
eng Traditioun op Halleffaaschtesonndeg
 

 
Boulangerie Pâtisserie Claude FELTZ,  46 Quai de la Moselle, L5553 Remich, Luxembourg / Tel. 23 66 91 59
©   w w w . f e l t z . l u